Mir haten ausserdeem Gruppegespréicher mat Moslemen, orthodoxe Chrëschten, Katholiken, Leit déi keng Relioun praktizéieren oder déi zousätzlech nach Ahnenkult hunn. Alleguerten ware si erstaunt bis schockéiert, datt et zu Lëtzebuerg net üblech ass eng Veillée ze halen, datt de Sarg net wärend der Begriefnismass an der Kierch dobäi ass, an datt oft d’Trauergemeinschaft net bei der tatsächlecher Beäerdegung vum Kierper dobäi ass. Firwat dat esou ass, ob Coutume oder Reglementer, dat eraus ze fannen ass eisen nächste Schrëtt. Ween interesséiert ass mat ze diskutéieren, invitéieren mir op eis Konferenz, déi den 25. Mäerz vum IPW am Neimënster organiséiert gëtt, oder eis einfach eng Mail ze schreiwen.